Een Infirmier fir de Projet HMSB (m/w/d)

Elisabeth

  • Berbourg, Grevenmacher
  • CDI
  • Temps-plein
  • Il y a 6 jours
Job DescriptionÄr Aufgaben / Votre mission / Ihre AufgabenBetreien, Versuergen an am Alldag ënnerstëtze vu fréiere Sans Abrisen mat gerontologeschen a palliative Besoin.
  • Mir bidden Iech d'Geleeënheet fir Deel ze si vun engem nationale Pilotprojet an dëse maassgeeblech matzegestalten an opzebauen. Dir drot dozou bäi eng Struktur ze schafen déi Mënschen a Prekaritéit hëlleft hire Liewensowend an engem optimalen Ëmfeld ze verbréngen.
  • Är Aarbechtsplaz ass an engem renovéierten Deel vum CIPA Haaptmann's Schlass zu Berbuerg, matzen an der grénger Natur, mat Parkméiglechkeeten direkt virum Haus.
  • Zousätzlech bidde mir Iech Weiderbildungen a fir Iech relevante Sujeten, Hospitatioune bei den Acteure vum Secteur an intern Supervisiounen am Team un.
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
  • Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Infirmier (m/w/d
  • Kenntnisser an der lëtzebuergescher Sprooch (Niveau B1)
  • Basis-Computerkenntnisser (MS-Office)
  • Verantwortungsbewosstsinn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)
  • Teamfäegkeet, Kooperatiounsfäegkeet a Flexibilitéit
  • Wäertschätzung an Hëllefsbereetschaf
  • Bereetschaft sech mat a fir Mënschen ze engagéieren
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
  • 30 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
  • Dës Plaz fält ënnert den SAS-Kollektivvertrag
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
  • Droit d'exercer
  • Casier judiciaire no 4
  • Führerschäin Klass B
  • Eischt Hëllefscours
Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, eelere Mënschen ze hëllefen an dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt ons Är Online-Kandidatur.(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)ContactHaaptmann's Schlass
Directeur: Yves MORBY
4 Brucherstrooss
L-6831 BerbourgTel: +352 71 08 31 - 1
www.elisabeth.lu

Jobs.lu