Ee Chef de Service soins (m/w/d)

Elisabeth

  • Berbourg, Grevenmacher
  • CDI
  • Temps-plein
  • Il y a 20 jours
Job DescriptionÄr Aufgaben / Votre mission / Ihre AufgabenMissioun:
  • Ëmsetzen a liewe vun eisem Konzept "Liewenswelte schafen"
  • De Kontakt mat de Bewunner, hiren Famillen oder gesetzleche Vertrieder fleegen, hiren Uspriechpartner sin
op hier Bedürfnisser an Uleies agoen * Mataarbechter motivéieren a leeden am Respekt vun den hausinterne Wäerter
  • Aktiven Deel sinn vun enger Leedungsequipe, déi enk zesumme schafft an Decisiounen,
dei geholl gi sinn, zesummen dreet an och esou un seng Mataarbechter kommunizéiert * Sécherstelle vu qualitative Prestatioune bezunn op déi heemspezifesch Besonneschkeetenam Aklang mat de Gesetzer, Richtlinnen a Veruerdnungen * Eng professionell Kommunikatioun fleegen, intern a mat externe Prestatairen
  • Servicer organiséieren a leede mat dem Zil, dat Bedürfnisser an Erwaardunge vun de Bewunner, Mataarbechter an der Direktioun zesummen harmonéieren
  • 50% aktiv matschaffen als Infirmier/ère am Wunnberaich a 50% leedend Funktioun als Chef de service
  • Mat den aaneren Chefs de Service adjoints, de Chefs de service an de Responsabel telefonesch Astreinten garantéieren.
Chargen am allgemengen:
  • Organisatioun a Koordinatioun vum Service
  • Eng wirtschaftlech Gestioun am Respekt vum Joresbudget
  • Zesummenaarbecht mat de Chef de Service vun aner Beräicher,
fir Aarbechtsofleef ze optiméieren, déi iwwerenee falen oder enk zesumme leien * Sécherstellen duerch Kontroll, dat Reglementer, Aarbechtsofleef a Standarde respektéiert an agehale ginn,och bezunn op Reegele vun der Hygiène an der Sécherheet * Eng korrekt Dokumentatioun vun den Déngschtleeschtunge vum Service iwwerwaachen
  • Direktioun iwwer wichteg Virfäll a Situatioune betreffend Bewunner a Mataarbechter informéieren
  • Vertriedung vu Chef de Service, déi net do sinn
Chargen bezunn op eis Bewunner:
  • No der Opnam ënnerstëtzen, sech erëm ze fannen a gutt ze spieren
  • Wuelbefannen an Zefriddenheet an de Fokus setzen
  • Uspriechpartner si bei Reklamatiounen an Uleies, de Suivi maachen an hinne Réckmeldung ginn
  • Begleeden an der leschter Phase vun hirem Liewe - Palliativkonzept
Chargen bezunn op eis Mataarbechter:
  • Schaffpläng erstellen am Respekt vun de Gesetzer, orientéiert um Bedarf vum Bewunner an eng optimal Aarbechtsverdeelung fir d'Mataarbechter assuréieren
  • Congé plangen no de Reegele vum Aarbechtsrecht, dem Kollektivvertrag an eiser Note interne
  • Organiséieren, matentwéckelen, ëmsetzen an evaluéiere vun transparenten an zilorientéierten Aarbechtsofleef
  • Dofir suergen, dat all Mataarbechter déi néideg Informatiounen an och Aarbechtsmëttel hunn, fir eng gutt Aarbecht kënnen ze maachen
  • Entwéckelen a fleege vun engem motivéierten, kompetenten, multidisziplinäre Mataarbechterteam - Perséinlech Presenz am Service, Begleedungen, Kontrollen an entspriechend Dokumentatioun
  • Uspriechpartner si bei Uleies, Froen, Iddien
  • Briefing halen un engem festgeluechte Wochendag, Rapport deene Mataarbechter zougänglech maachen, déi net deelgeholl hunn ( 1x pro Woch ); Reuniounen no Bedarf
  • Gespréicher féieren an dokumentéieren: no engem Krankeschäin, Korrektur am Verhalen, speziell Situatiounen,...
  • Bedarf un Formatiounen ermëttelen a plangen
  • Deelhuelen un Virstellungsgespréicher an un der Auswiel vu Mataarbechter déi agestallt ginn
  • Dozou bäidroen, dat néi Mataarbechter gutt opgeholl, encadréiert an ageschafft ginn a verschidde Situatiounen ëmmer erëm selwer kucken
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
  • Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Infirmier (m/w/d)
  • Berufflech Erfarung am Beräich Geriatrie an Demenz ass vu Virdeel
  • Weiderbildungen am Beräich Fleeg a Betreiung vun eelere Menschen si vu Virdeel
  • Kenntnisser an der lëtzebuergescher Sprooch (Niveau B1)
  • Basis-Computerkenntnisser (MS-Office)
  • Verantwortungsbewosstsinn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)
  • Teamfäegkeet, Kooperatiounsfäegkeet a Flexibilitéit
  • Wäertschätzung an Hëllefsbereetschaf
  • Bereetschaft sech mat a fir Mënschen ze engagéieren
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
  • 40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
  • Dës Plaz fält ënnert den SAS-Kollektivvertrag
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
  • Droit d'exercer
  • Casier judiciaire no 4
  • Führerschäi Klass B
  • Eischt Hëllefscours
Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, eelere Mënschen ze hëllefen an dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt ons Är Online-Kandidatur.(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)ContactHaaptmann's Schlass
Directeur: Yves MORBY
4 Brucherstrooss
L-6831 BerbourgTel: +352 71 08 31 - 1
www.elisabeth.lu

Jobs.lu